SynopsisAn engem Laboratoire an engem Schlass, dat héich iwwert enger Stad steet, bréngt dee verrécktste vun de verrécktste Professere monstréis Kreaturen (bal) un d’Liewen… a vergësst se direkt. Mee wie këmmert sech dann ëm d’Schlass? Wie këmmert sech ëm d’Monsteren? Ma dat wier de Bitzbouf, dem Professer seng alleréischt Kreatioun. De Bitzbouf mécht déi ganz Aarbecht an de Profes ser mierkt et mol net. Mee haut trëfft e schappege Monster-Zirkus an der Stad an a säi Besëtzer, de Fulbert Freakfinder, sicht verzweifelt no enger neier Attrak tioun. Kuerz dono erschéngt hie virun der Schlassdier a versprecht dem Bitzbouf Bekanntheet, Räichtum… a LÉIFT.